Historique


De Blummebuttek Welter huet eng laang Geschicht mat vill Héichten an Déiften hannert sech. Den Betrieb an der heiteger Form ass zreck ze féiheren ob den Jacques Welter deen Ufank vun den 1930er en Handel mat Blummen an Geméis obgemaach huet.

 

Den Jacques war deen Eelsten vu 5 Kanner. 1898 gebuer sin heen an sei Brudder Jemp am Laaf vum 1. Weltkrich ob Pareis gaangen an hun sech do an engem Hotel ustellen geloss. No dem Krich sin d’Valissen heem komm just dei 2 Bridder sin nach eng Zeitchen an der Franséicher Haaptstadt bliwen. Allen 2 hun se zu Jarville, bei Nanzeg, den Beruf vum Gärtner geléiert. Wéi sie do schlussendllech erem, an hier  Heemecht zreck komm si waren d’Méiglechkeeten fir als Gärtner ze schaffen moer an sie hun ob der Schmelz als Oarbechter ugefaangen.

 

 

No e puer Joer ob der Schmelz huet den Jacques dann schlussendlech den Schratt gemaach an huet 21 Januar 1932 de Betrieb zu Käl gegrënnt. Mat der Ennerstetzung vun der ganzer Famill ass et him gelong de Betrieb erfollegreich ze féieren. Am Ufank nach ouni fest Lokal, wou heen ob d’Märt an der Emgeigend gefuer ass an Blummen, Geseems, Geméis an Baamschoulartikelen verkaaf huet.

 

 

 

An der schwéirer Zeit, ënnert der däitscher Besatzung, ass de Betrieb méi oder manner firu gelaaf. No villen Schickanen vun den Däitschen Besatzer, huet den Jacques eng Autorisation kritt fir weider kënnen ob d’Märt ze fueren. D’Welteren sinn am Krich 2 mol ob Berburg bei Mantanach evakuéiert gin.  

 

No dëser Zeit ass nees ugefaangen gin obzebauen, waat während den 5 Joer ënnert den Preisen verluer gaangen war. Mat vill Fleis an Eifer vum Jacques an der ganzer  Famill konnt de Betrieb nees floréieren.

 

Den Albert Welter (dem Jacques sein Brudder) an seng Fra Limpach haaten en Bauerenwiesen (an Russen) zu Käl „an der Buerg“. Hei huet den Jacques mat gewunnt an geliewt. Heen huet nom Krich niewend dem Bauerenhaff ugefaangen den Goard auszebauen an weider Serren obriichten geloos.

1958 ass dun schlussendlech d’Haus wou den Buttek elo dran ass gebaut gin.

 

E puer Biller aus den 1950er Joren.

 

Den Jacques Welter ass den15.05.1972 gestuerwen, well den Neveu vum Jacques, den Pierre Welter, den Betrieb wollt iwerhuelen awer zu deem Zeitpunkt erreicht 17 Joer aal war an nach an der Schoul war, hun dei Zeit d’Geschwester vum Jacques den Betrieb firun gefouert.

 

 

4 Joer mei speit den 25. Februar 1976 war et dann esou weit den Pierre Welter huet den Betrieb iwerholl.

 

Den Pierre Welter hat 21 Joer wou hien den Betrieb iwerholl huet. Seng Schoulen haat heen an der Belge zu Gembloux ob der „Faculté des Sciences agronomiques de l’État“ gemaach wou heen dann och den Oofschloss als „Horticulteur“ gemaach huet.

 

1979 huet den Pierre dun d‘Catherine Stull bestued, zenterhier hun sie den Betrieb zu 2 gefouert. Mat der Hellef vun dem Pierre sengen Schwesteren an dem ganzen Rescht vun der Famill hun sie den Betrieb, während den 1980er Joeren, ausgebaut.

 

 

Infos pratiques

Fleurs Blummebuttek Welter

3 Rue de Dudelange

L-3631 Kayl (Käl)

LUXEMBOURG

Tél : +352 26 56 13 33
GSM : +352 621 342 546
Fax : +352 26 56 17 77

Nos heures d'ouverture

Mar. 08:00 - 12:00 14:00 - 18:00
Mer. 08:00 - 12:00 14:00 - 18:00
Jeu. 08:00 - 12:00 14:00 - 18:00
Ven. 08:00 - 12:00 14:00 - 18:00
Sam. 08:00 - 12:00 13:00 - 17:00
Dim. 10:00 - 12:00
Congés annuels : du lundi 8 août 2016 au lundi 22 août 2016
Pour votre facilité
  • Chien(s) accepté(s)
  • Livraison à domicile
  • Parking

Nous parlons

allemand  français  luxembourgeois